Portes Ouvertes de 4. Dezember 2015 an den Ateliers zu Betten op der Mess
Ab 11 Auer
- Informatioun a Besichtegung vun eise verschiddenen Ateliers - Kenneléieren, Schmaachen a Verkaf vun eise selwer gemaaten a gezillte Produkter aus der Gäertnerei, Metzlerei, Kichen a vum Bauerenhaff - Vill Geschenkartikel aus Keramik, Holz an aner Material - Chrëschtdekoratioun a Verkaf vu Chrëschtbeemercher - Gaardemiwwel, Vullenhaisercher... - Brocante an Tombola - Fotoshooting fir d'Kanner mat den Déiere vum Bauerenhaff
Fir de kléngen Honger
- De ganzen Dag iwwer Gegrilltes, verschidden Zoppen a Séisses aus eiser eegener Produktioun - Vun 12.30 un: gebootschte Grompere mat Fierkelshämmchen an der Kantin
Tëschent 10:30 an 19:30 organiséiere mir all ½ Stonn eng Navette vun: Dippech Gare Ateliers - Domaine du Château Ateliers Domaine du Château - Dippech Gare
Invitatioun
Einladung in Leichter Sprache
|